< back
Den International Family Equality Day stellt d‘Reeboufamilljen dëst Joer mam Motto Mir si super wéi mir sinn! an de Virdergrond.
Fir dësen alljärleche, wichtegen Event ze feieren, invitéiert de Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun an de Familljen-Center all Kanner a Jonker déi an enger Reeboufamill liewe bei enger flotter Aktioun matzemaachen.
Du bass ënner 20 Joer al, bass Deel vun enger Reeboufamill a wëlls weise firwat deng Famill esou super ass? Dann hues du d’Geleeënheet dëst am Kader vun enger grousser virtueller Ausstellung ze maachen.
Denger Fantasie si keng Grenze gesat: Du kanns zum Beispill en Text, e Bild, e Collage, e Lidd, eng Fotostory oder iwwert eng aner kreativ Aart a Weis weise wéi super deng Reeboufamill ass!
Schéck däi Wierk bis e Sonnden, den 30. Mee 2021, eran a sécher dir deng Plaz an der virtueller Ausstellung op der Internetsäit vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun an op der Facebook-Säit vum Familljen-Center.
Vergiess net, de Formular fir Matzemaachen auszefëllen, deens de ënnert dësem Link fënns.