< back
De 25. Februar 2023 war am Lycée Nic-Biever zu Diddeleng (LNB) déi grouss national Finall vun der 'FIRST Lego League'.
Am Ganzen hunn 28 Teame vu bis zu 10 Schülerinnen a Schüler un der Competitioun deelgeholl.
Wärend 30 Minutten huet all Team säi Fuerschungsprojet zum Theema 'Energie' a säi selwer gebauten a programméierte Roboter enger Jury presentéiert.
Zousätzlech sinn si am 'Robot Game' ugetrueden. Hei huet hire Roboter innerhalb vun 2:30 Minutten sou vill wei méiglech Missioune mussen erfëllen.
Zum Schluss vum Dag goufen et da vill glécklech Gewënnerinnen a Gewënner, wouvu véier Teamen déi flott Geleeënheet kruten, den 18. Mäerz 2023 un der internationaler Finall vun der 'FIRST Lego League' zu Genk an der Belsch deelzehuelen.
D’Rees op Genk huet mat enger flotter Visitt vun de Grottes de Remouchamps an engem Lagerfeier am Bësch ugefaangen. Samschdes sinn dunn insgesamt 21 Teamen aus der Belsch a Lëtzebuerg géinteneen ugetrueden.
D’Schülernnen a Schüler, déi aus dem Enseignement fondamental souwuel wéi dem Enseignement secondaire waren, konnten dräi Pokaler mat heem huelen.
D’'FIRST Lego League'-Saison 2022/2023, d’Joer mam Theema 'Energie' ('Super Powered'), kënnt soumat op en Enn a mir si gespaant, wat ons d’nächst Joer erwaart.