News

De SCRIPT presentéiert zwee nei Titele vun der Bicherrei 'Allerhand' op de 'Walfer Bicherdeeg 2023'

Walfer Bicherdeeg
21/11/2023

Den 18. an den 19. November 2023 war de SCRIPT nees op de Walfer Bicherdeeg present, zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) op engem gemeinsame Stand fir den Educatiounsministère.

Op dësen Deeg konnt een um Stand déi sëllege Publikatioune vun de béide Servicer fannen, duerchkucken a kafen.

 

Bicherrei 'Allerhand'

Zwee nei Titele vun der Bicherrei 'Allerhand' sinn op de Walfer Bicherdeeg presentéiert ginn:

• Band 4, 'De Jean-Paul rifft de Roger un' vum Jean-Paul Jacobs

• Band 5 'Am Bësch' vum Tania Naskandy

Déi éischt dräi Bänn vun der Serie sinn:

• Cathy Clement, 'Aleng'

• Claudine Muno, 'Speck'

• Jhemp Hoscheit, 'Perl oder Pica'

D’Bicherrei 'Allerhand' presentéiert flott Wierker aus der Literatur op Lëtzebuergesch als praktesch Täschebicher. D’Rei ass speziell fir de Gebrauch am Unterrecht geduecht, an engem handleche Format a mat Plaz fir eegen Notizzen. Den Titel 'Aleng' vum Cathy Clement gëtt notamment duerch eng Broschür ergänzt mat Iddien, fir d'Buch am Unterrecht anzesetzen.

An all Buch stinn Erklärunge vu manner gebräichleche Wierder a kuerz Explikatiounen, déi d’Verstoe vum Text erliichteren. Eng Interpretatioun gëtt doriwwer eraus éischt Iddie fir d’Nodenken an d’Diskutéieren an der Schoul wéi och baussent dem Unterrecht. 'Allerhand' – dat ass Literatur op Lëtzebuergesch fir Jonker a fir jiddweree soss, dee gäre liest.

 

Buch 'A wien ass dann hei de Chef?'

Ausserdeem huet de SCRIPT d’Buch 'A wien ass dann hei de Chef? ', aus der Serie 'Chmenki - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper!', déi Grondschoulkanner iwwert de Kampf géint all Form vu Gewalt sensibiliséiert, virgestallt.

 

Iwwerschaften Editioun vum 'Renert'

D’iwwerschaften Editioun vum 'Renert' war och nees verfügbar, si gouf d’lescht Joer zesummen mam ZLS fir den 150. Anniversaire vun der éischter Publikatioun vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk no dem Originaltext vun 1872 produzéiert ('De SCRIPT an den ZLS publizéieren eng Schouleditioun vum 'Reenert').

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu