News

Virliesconcours 2024

Virliesconcours 2024
30/11/2023

De 'Virliesconcours' riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental.

E gëtt vum Educatiounsministère/ SCRIPT organiséiert a leeft am Joer 2024 fir d’19. Kéier.

Et gi vun elo un eng ganz Rei Neierungen, déi dem Concours eng nei Nues wäerte ginn:

  • Keen Theema
  • Méi Etappen
  • Eng zweet Sprooch (spillt vun der Véierelsfinall un eng Roll); als zweet Sprooch kann och Englesch genotzt ginn
  • Liestheater an der Finall

An der Broschür zum 'Virliesconcours 2024' ënnen op der Säit fënnt een den Detail vun den Neierungen.

D’Finall mat Publikum ass den 11. Juni 2024 am Ariston zu Esch.

Umelle kann een d’Schoulgewënnerin oder de Schoulgewënner bis spéitstens den 23. Februar 2024 ënnert dësem Link.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu