News

D’Umeldunge fir déi zwee neiste 'LevelUp'-Concourse sinn op!

D’Umeldunge fir déi zwee neiste 'LevelUp'-Concourse sinn op!
05/12/2023

Ab elo kann een sech fir déi zwee neiste Concoursen, déi am Kader vun der SCRIPT-Initiativ 'LevelUp' organiséiert ginn, umellen.

Dëst wär zum engen eisen neien Debattéier-Challenge fir d’Grondschoulen 'Wat sees du?' an donieft och den neie Klassen-Duell 'Klassen-Battle'; e Concours, deen sech ganz op der Schoulfoire wäert ofspillen.

Alleguer d’Erklärungen an d’Umeldungen zu de Concourse ginn et op www.levelup.lu.

 

'Wat sees du?'

Ob schwätzen, sech ënnerhalen oder diskutéieren: de Mënsch ass ëmmer am Austausch mat aneren. Debattéieren ass eng ganz speziell Form vu Kommunikatioun. Hei geet et drëm, no klore Reegelen an zu engem konkrete Sujet ze kommunizéieren an dobäi ee Standpunkt ze vertrieden. Dofir brauch een Argumenter!

Dësen éischten Debattéier-Challenge ziilt dorobber, de Schülerinnen a Schüler aus de Klassen aus de Cyclen 3.2, 4.1 a 4.2 vum Enseignement fondamental op eng spilleresch Aart a Weis d’Argumentéiere méi no ze bréngen. Dofir sollen d’Schülerinnen a Schüler schrëttweis un d’Argumentéieren erugefouert ginn.

  • Umelle kanns du deng Klass bis de 7. Januar 2024. Den Challenge start an der Woch vum 8. Januar 2024.
  • Méi Informatiounen ginn et ënnert dësem Link.

 

'Klassen-Battle': Mir sichen déi beschte Klass aus Lëtzebuerg

Dir sidd der Meenung, datt är Klass iwwer alles Bescheed weess a matschwätze kann? An doriwwer eraus schafft dir gutt als Klass zesummen, ënnerstëtzt iech géigesäiteg a sidd e perfekt agespillten Team?

De 24. Abrëll 2024 wäert op der 3. Editioun vun der nationaler 'D’YEP-Schoulfoire' an der LuxExpo um Kierchbierg den éischte 'Klassen-Battle', bei deem Klassen aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental kënne matmaachen, stattfannen.  

  • Alleguer d’Informatiounen ginn et ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu