News

Webinaire um radio 100,7: 'Deng Stëmm zielt! Participatioun bei Kanner a Jonken'

Webinaire um radio 100,7: 'Deng Stëmm zielt! Participatioun bei Kanner a Jonken'
18/12/2023

“D’Jugend hei zu Lëtzebuerg muss méi gehéiert ginn, se muss méi integréiert ginn, sief et an der Politik, sief et an Entscheedungen och zum Beispill an de Schoulen!”, dat sot de Sam Elsey, President vum Jugendparlament, am Webinaire iwwer Participatioun vu Kanner a Jonken.

Participatioun ass ee vun de véier Piliere vun de Kannerrechter, a ka scho vu klengem u geléiert ginn.

Wéi een dat kann ugoen? Wat wichteg Punkte sinn, a wéi Participatioun elo schonn op verschiddene Plazen am formalen an non-formale Bildungsberäich funktionéiert, doriwwer hunn am leschte Webinaire nieft dem Sam Elsey och d’Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), Vanessa Reinsch, d’Social Entrepreneur Jana Degrott an de Geschichtsenseignant Marc Birchen diskutéiert.

Donieft hu weider Stëmmen di sech mat Participatioun vu Jonke beschäftegen zur Gespréichsronn bäigedroen.

Dee ganze Webinaire kann een nach um Internetsite vum radio 100,7 lauschteren an op YouTube kucken.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu