News

Webinaire um radio 100,7: 'Vu Lego bis Robotik – spilles Léiere fir d’Zukunft'

''
16/01/2024

De Webinaire 'Vu Lego bis Robotik – spilles Léiere fir d’Zukunft' ass en Dënschdeg, den 30. Januar 2024 vu 14:00 bis 15:30 Auer live um radio 100,7 an am Stream op www.100komma7.lu ze héieren.

Dëse Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) a mam radio 100,7 op d’Been gestallt.

'Vu Lego bis Robotik – spilles Léiere fir d’Zukunft'

Enn Februar ass schonn déi zweet national Robotikwoch am Forum Geesseknäppchen mat der analoger 'Robotik Junior Challenge', der 'FIRST Lego League', an de 'LuxSkills'-Concourse 'Mobile Robotics' a 'Robot Systems Integration'.

Vu September 2019 u kann een zu Lëtzebuerg d’Technikerausbildung 'Smart Technologies' maachen.

Zanter dem Schouljoer 2020-2021 léiere Kanner am Fondamental Kodéieren, an als logesch Suite dovu gouf e Joer méi spéit an de Lycéesklassen d’Fach 'Digital Sciences' agefouert.

Firwat gëtt esouvill iwwer compétences numériques geschwat? Wisou ass et gutt ze wëssen, wéi e Roboter funktionéiert, wou e jo dach alles selwer mécht? An ass e Bot wierklech eng Hëllef?

Automatiséiert Mécaniquen, Roboter, Bots, Infotronik, Programméieren, sequenziellt Denken, binär Coden, analoogt versus digitaalt Léieren – ween sech an dëse Beräicher net auskennt,  deet sech ënner Ëmstänn schwéier den Zweck vu Schoulfächer wéi dem Codéieren oder den 'Digital Sciences' anzegesinn.

Iwwer de Prozess vum Verstoe vum Digitalen a vun  der Robotik schwätzen am Webinaire dës véier Gäscht am Studio: 

  • d’Jill Aniset, Institutrice spécialisée en compétences numériques, IFEN
  • de Pascal Hoffmann, Schoulmeeschter, Coordinateur 'Junior Robot Challenge', SCRIPT
  • de Claude Loullingen, Professer fir 'Smart Technologies' am Lycée Guillaume Kroll (LGK), Expert 'LuxSkills' an der 'Robot Systems Integration'
  • de Luc Schreiner, Franséischprofesser am Lycée technique de Lallange (LTL), Aarbechtsgrupp 'Digital Sciences' SCRIPT 

Donieft deele verschidde Schüler/ Schülerinnen a weider Mënschen, déi sech mat dësen Theme befaassen, hir Meenung mat.

Jidderee kann seng Froe stelle wärend der Emissioun, iwwer Whatsapp 621440044, oder iwwer fro@webinar.lu.

Fir sech fir d’Formatioun unzemelle gëllt dëse Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu