News

'EduStart': Neie Projet am Beräich vum Entreprenariat

''
18/03/2024

De  7.  Mäerz 2024 huet déi järlech Formation continue mat de Coordinateuren a Coordinatricen aus dem Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' am Centre de Conférences vum Educatiounsministère stattfonnt.

En zweete Rendez-Vous ass de 14. Mäerz an der House of Entrepreneurship ugebuede ginn.

Dëst Joer stoung d’Formatioun ganz am Zeeche vun der Aféierung an d’'EduStart-Ups', en neie Projet vum SCRIPT an der Direction Générale des Classes Moyennes, deen ausgeschafft gouf fir de 'Sustainable Entrepreneurial Schools' den Encadrement vun den Entreprisen an de Schoulen ze vereinfachen a pedagogesch ze begleeden.

Eng 'EduStart-Up' ass eng Entreprise déi fest an der Schoul verankert ass, a vun de Schüler a Schülerinne gegrënnt a geréiert gëtt. Den Objet vun dëser Entreprise ass no um Profil vun der Schoul, respektéiert d’Valeure vum développement durable a riicht sech un d’Membre vun der Schoulcommunautéit.

Deel vun der Formatioun war et, fir de Coordinateuren a Coordinatricen de legale Kader ze erklären, d’Guiden an d’Supporten esou wéi déi administrativ Demarchen ze präsentéieren.

Den Atert-Lycée Redange (ALR), de Lycée Aline Mayrisch (LAML) an d’École de Commerce et de Gestion (ECG) testen dëse Projet an der Pilotphas wärend dem Schouljoer 2023-2024. Schüler a Schülerinne souwéi d’Coordinateuren a Coordinatricen aus dësen dräi Lycéeë konnten hir éischt Erfarunge mat de Participantë vun der Formatioun deelen.

25 interesséiert Coordinateuren a Coordinatricen an Enseignanten hunn sech iwwert den neie Projet informéiert, fir dësen duerno hire respektiven Direktiounen ze präsentéieren.

Dës Formatioun war ausserdeem e passende Moment, fir de Coordinateuren a Coordinatricen déi nei Partner an Aktivitéiten aus dem Projet ze annoncéieren an huet en Erfarungsaustausch tëschent all de Participanten erméiglecht.

Bei Interessi um Projet 'EduStart' kann ee sech ënnert entrepreneurship@script.lu mellen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu