News

Nei Mataarbechter fir de Projet 'Plan d’études 2025' gesicht

''
06/03/2024

Am Kader vum Projet 'Plan d’études 2025' gëtt nach Léierpersonal gesicht, wat vum Schouljoer 2024-2025 un als punktuell Mataarbechter (2-4 Décharge-Stonne pro Woch, wat ca. 4-8 reell Schaffstonne sinn) an der Divisioun fir Curriculumsentwécklung wëll matwierken.

Als punktuelle Mataarbechter wier een Deel vun engem vu de folgende Groupes de travail: 

  1. Sproochen (Alphabetiséierung, FR, DE, LU) 
  2. Mathematik 
  3. Geeschtes-, Sozial- & Naturwëssenschaften 
  4. Konscht & Kultur 
  5. Beweegung & Gesondheet 

D’Curriculumsdivisioun sicht nach Léierpersonal fir all Groupe de travail. Gäre ka sech jidderee mellen, deen aus dem Stage eraus ass, Experienz am Enseignement fondamental matbréngt a vun enger Décharge vum SCRIPT profitéiere kann. Ganz besonnesch awer siche mir nach folgend Profiller: 

  1. Sproochen: Léierpersonal mat Experienz am C1 oder C2 
  2. Mathematik: Léierpersonal vun allen Zyklen, mee besonnesch mat Experienz am C1 
  3. Geeschtes-, Sozial- & Naturwëssenschaften: Léierpersonal mat Experienz am C4 
  4. Konscht a Kultur: Léierpersonal vun allen Zyklen, mee besonnesch mat Experienz am C2 
  5. Beweegung a Gesondheet: Léierpersonal mat Experienz am C2. Eng verdéiften Expertis am Beräich vun der Motorik, der Ernärung, der kierperlecher oder der mentaler Gesondheet wieren ee wäertvollen Atout. 

D’Aarbecht vun de Groupes de travail erstreckt sech iwwer zwee Schouljoren (2024-2025 & 2025-206). No engem Schouljoer kann een awer kucken, ob een nach ëmmer wëll oder ka matmaachen.

D’Groupes de travail komme vun der Rentrée 2024-2025 un all Mëttwoch Nomëtten zesummen (ausser an de Schoulvakanzen). Déi reschtlech Décharge-Stonne gi fir Vir- an Nobereedung genotzt. Schonn am 3. Trimester vun dësem Schouljoer gëtt lues ugefaange mat dräi Reuniounsmomenter, fir sech kennenzeléieren a fir op d’Aarbecht am Groupe de travail preparéiert ze ginn. Dës sinn aktuell op Dënschdes oder Donneschdes Nomëttes gesat. 

Wann Dir interesséiert sidd, gitt wgl. un, a wéi engem vun de fënnef Groupes de travail Dir wéilt matschaffen. Dir kënnt och méi Groupes de travail uginn, mat enger Preferenzreiefolleg. Gidd och Är prefereiert Décharge-Stonnen un, weider Atouten an Är Interessensgebidder am Kader vun de Pilieren a Schlësselkompetenzen, déi an eisem Whitepaper genannt ginn.

Weider Informatiounen iwwert dësen Appel fannt Dir an dëser Presentatioun, déi ënnen op der Säit ugespéngelt ass.

Schéckt wgl. Är Lettre de motivation an optimalerweis och een CV u luc.weis@men.lu an halldor.halldorsson@men.lu, dat bis den 18. Mäerz 2024

Am Fall vu Froen, kontaktéiert eis gären iwwer: curriculum@script.lu.

Dir wëllt generell beim Projet 'Plan d'études 2025' up to date bleiwen? Dann abonnéiert Iech hei ënnert dësem Link fir eis nei Newsletter!

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu