News

'Mathi': Neit Unterrechtsmaterial fir Mathé am méisproochege Kontext zu Lëtzebuerg ze léieren

''
02/04/2024

Zesumme mam SCRIPT an a Presenz vu 500 Enseignanten huet de M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den 19. Mäerz 2024 am Forum Geeseknäppchen 'Mathi' virgestallt, een neit Konzept fir d'Léiere vun der Mathé an den Zyklen 1 bis 4 vun der Grondschoul.

 

'Mathi': een eenzegaartegt Konzept 

'Mathi' ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept fir d’Léiere vun der Mathé a lieft souwuel am Klassesall wéi och doriwwer eraus.

Et berücksichtegt den eenzegaartegen, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d’Bedierfnesser vun alle Schüler upasst.

 

Eng schrëttweis Aféierung vum Konzept 'Mathi' ab dem Cycle 1

Ab September 2024 steet dem Léierpersonal am Cycle 1 d’'Mathi'-Material zur Verfügung. Ee Classeur mat enger Auswiel vun 200 spillereschen Aktivitéiten, wouvunner ronn ee Véierel scho kënne vum Precoce duerchgeféiert ginn, steet zur Verfügung. 

Dës Aktivitéiten erméigleche gläichzäiteg ee kompetenzorientéiert an een themenorientéiert Schaffen an der Klass, an dëst a véier mathematesche Kompetenzberäicher: 

  • Raum a Form
  • Zuelen an Operatiounen
  • Gréissten a Moossen
  • Daten, Heefegkeet a Warscheinlechkeet

Fir all Aktivitéit ass ee mathematescht Zil definéiert an dat néidegt Material gëtt opgelëscht. Den Oflaf vun der Aktivitéit gëtt kuerz beschriwwen an duerch Fotoen illustréiert. Varianten an Hiweiser hëllefen dem Léierpersonal, sënnvoll ze differenzéieren. 

Op verschiddenen Aktivitéite si QR-Coden affichéiert, déi op zousätzlech Materialie verweisen, wéi zum Beispill Audioopnamen, Partiture vu Lidder, Drockvirlagen etc. Niewent dem Classeur gëtt 'Mathi' an enger digitaler Form fir d’Léierpersonal ugebueden.

Zousätzlech zu dësem Classeur kritt d’Léierpersonal am Cycle 1 eng 'Mathikëscht' mat didakteschem Material ugebueden, fir d’Aktivitéite mat de Kanner ze maachen (mat der Ausnam vun de Gesellschaftsspiller a Kannerbicher).

Mat engem Wuertspäicher, also enger Zort Glossaire mat Begrëffer aus der Mathematik op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch fir d’Enseignanten, dréit 'Mathi' och der Méisproochegkeet (Mammesproochen) vun de Schüler Rechnung. Op dës Manéier kënne Gemeinsamkeeten ewéi och Ënnerscheeder an de verschiddene Sproochen thematiséiert ginn, an esou ee bessert Verständnes a Léiere vu mathematesche Konzepter erreecht ginn. 

 

Ausbléck op d’Materialie fir d’Cyclen 2-4

Och fir d’Cyclen 2-4 gëtt d’'Mathi'-Material weiderentwéckelt a vun der Rentrée 2026-2027 bis d’Rentrée 2031-2032 kontinuéierlech agefouert.

Am Cycle 2 wäert eng App d’Übungsblieder um Pabeier zu engem groussen Deel ergäenzen. Dëst digital Léisung fërdert d’Interaktivitéit, d’Upassungsfäegkeet, d’Visualiséierung an déi geziilt Widderhuelung. Kuerz gesot, et erliichtert d’Verständnis an d’Beherrschung vu mathematesche Konzepter, andeem eng spilleresch Dimensioun derbäikënnt.

Déi personaliséiert Plattform MathemaTIC gëtt an d’'Mathi'-Materialie fir d’Cyclen 3 a 4 integréiert.

 

Maacht mat bei der Pilotphas fir de Cycle 2.1!

De SCRIPT sicht nach Enseignanten, déi drun interesséiert sinn, un der Pilotphas fir de Cycle 2.1 ab September 2024 deelzehuelen. Aschreiwen kann een sech op www.mathi.lu.

 

Offer fir d’Léierpersonal 

D’Léierpersonal kann op der Plattform www.mathi.lu all d’Print- an didaktescht Material iwwer de 'Bon de commande' ufroen, jee no Wonsch op Däitsch a Franséisch. 

D’Léierpersonal kritt donieft ee Formatiounsangebot an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationele (IFEN) proposéiert.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu