Agenda

Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung

-
-
Forum Geesseknäppchen

Déi 5. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)' gëtt de 26. Mäerz 2023 am Forum Geesseknäppchen vum SCRIPT, der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.

De ganzen Dag iwwer wäert den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an ONGen am Vierdergrond stoen, sief et duerch iwwer 70 Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, duerch 18 zertifiéiert Weiderbildungen (Aschreiwunge fir Enseignanten an Educateuren iwwert www.ifen.lu), oder awer och Theememomenter, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.

An der Mëttesstonn ass den offiziellen Deel mat de Ministere Claude Meisch a Serge Wilmes. Fir nohaltegt, lokaalt, saisonaalt a fairt Iessen a Gedrénks suergt Restopolis.

Fir weider Froe kënnt Dir Iech u foire@bne.lu wenden.

Fichiers attachés

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu