< retour
Pünktlech fir d'Summervakanz ass déi nei Ausgab vum 'Piwitsch' do. Si gëtt vum 3. Juli 2023 un an alle Klasse aus de Cyclen 3 a 4 vum Enseignement fondamental am ganze Land un d'Schülerinnen an d'Schüler verdeelt.
Déi nei an all déi aner Ausgabe vum Piwitsch ginn et och als PDF-Download op der Säit www.piwitsch.lu/e-piwi.
Och an dëser Nummer hu mir erëm vill flott Themen an dës Kéier esouguer zwou Liesgeschichte fir sech iwwert de Summer net ze langweilen:
Wat ass 'De Piwitsch'?
'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.
Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.
Maacht mat bei de 'Mini-Redaktioune' vum 'Piwitsch'!
All Klass aus de Cyclen 3 a 4 ka bei de 'Mini-Redaktioune' vum 'Piwitsch' matmaachen. De SCRIPT bitt dës Atelieren un. Hei komme Memberen aus dem 'Piwitsch'-Team an d‘'lass, fir zesumme mat de Kanner a mat de Léierpersounen e journalistesche Projet ze realiséieren.
Méi Informatiounen an d'Aschreiwung zu dësem pedagogesche Projet ginn et ënnert www.piwitsch.lu/lehrmaterial oder per E-Mail iwwert minired@piwitsch.lu.