Actualités

Andréck vun der éischter 'LevelUp Cybersecurity-Challenge'

Andréck vun der éischter 'LevelUp Cybersecurity-Challenge'
27/11/2023

Vum 14. bis de 17. November 2023 huet de SCRIPT seng éischte 'Cybersecurity-Challenge' am Schengen-Lycée organiséiert.

Wärend deene véier Deeg si knapp 600 Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4, respektiv vu 6ième, op Pirel komm, fir sech an der Welt vun der Cybersecurity géinteneen ze moossen.

Zil war et, fir ze weisen, datt d’Theema vun der Cybersecurity net abstrakt a komplex ass. Et muss ee keen Expert sinn, fir dës Prozesser ze verstoen. Villes an der Cybersecurity baséiert op logeschem Denken, op Rätsel léisen, op Ëm-den-Eck-Denken. Villes woufir een am Fong kee PC brauch an och analog opschaffe kann.

Fir de Klassen dat ze weisen, goufen nieft der eigentlecher Challenge um Computer, och analog Statioune mat Atelieren opgebaut, déi genau déi Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler gefërdert hunn. Dobäi war et wichteg fir am Team ze schaffen a sech ofzeschwätzen, fir esou e méiglechst héije Score z’erreechen.

Dësen éischten 'Cybersecurity Challenge' war de Kick-Off vun dem neie 'LevelUp'-Projet vum SCRIPT.

Et gouf fir dës speziell Woch eng nei digital Plattform mat pedagogeschen Aktivitéite konzipéiert, op där Klasse securiséiert an d’Welt vun der Cybersecurity eraklamme kënnen. Iwwer de LevelUp-Site hunn sech ganz vill Léierpersounen ugemellt, fir dës Challenge mat hirer Klass auszetesten.

Nodeems dës Woch zu Schengen gewisen huet, datt de Projet fonctionéiert a gutt vun de Klassen opgeholl gouf, ginn elo am nächste Schrëtt Video-Tutorials ausgeschafft. Esou ass et an Zukunft all Enseignant méiglech, ouni grousst Virwëssen, dëse Projet autonom an der Klass selwer duerchzeféieren. Jiddereen, deen sech fir dës Matière oder aner Concoursen interesséiert, kann sech op www.levelup.lu fir den Newsletter aschreiwen.

Hei fannt dir nach Foto- a Filmimpressioune vun der 'Cybersecurity-Challenge'.

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu