Actualitéiten

D'EuChems Periodentafel op Lëtzebuergesch

D'EuChems Periodentafel op Lëtzebuergesch am Lycée Nic-Biever
06/12/2023

De SCRIPT huet zesumme mam Veräin vun de Lëtzebuerger Chemiker (Association des Chimistes Luxembourgeois – ACHIL) a mat der Hëllef vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) d’Periodentafel vun den Elementer vun der European Chemical Society (EuChems) op Lëtzebuergesch iwwersat.

Am Joer 2019 huet d’European Chemical Society (EuChems) dës Periodentafel fir d'éischt verëffentlecht.

Op der Tabell sinn d’Haisercher vun all Element esou verformt dass d’Gréisst vum Haischen der nach disponibeler Quantitéit vun deem Element entsprécht (op enger logarithmescher Skala). Dobäi goufen d’Elementer vu gréng bis rout agefierft, jee no deem wéi konkret d’Gefor ass, dass se eis an deenen nächsten 100 Joer ausginn. Elementer déi an iergend engem Zesummenhang zu bewaffente Konflikter oder zu Mënscherechtsverletzunge sti goufe schwaarz hannerluecht. Elementer déi fir d’Produktioun vun Handyen an aner smarten Apparater gebrauch gi sinn och gekennzeechent.

Dës Tabell soll op eng optesch uspriechend, an awer gläichzäiteg däitlech Aart a Weis op d’ Begrenztheet vun eise Ressourcen hiweisen.

All Lëtzebuerger Lycée krut elo esou eng Tabell geschéckt fir auszehänken. Ënnen op dëser Säit ass se als PDF-Dokument za fannen.

Eng Handreichung fir Enseignante gouf och vun der ACHIL a vum SCRIPT editéiert, se ass um heydoo.lu ënnert dësem Link disponibel.

Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu