Actualitéiten

Nei Mataarbechter fir de Projet 'Plan d'études 2025' gesicht

''
18/01/2024

De Projet 'Plan d'études 2025' kënnt geschwënn an eng Phase, wou d'Ekipp vun der Curriculumsdivisioun vum SCRIPT Verstäerkung brauch, an dofir ginn elo nei Mataarbechterinne/ Mataarbechter rekrutéiert. 

Den 11. Januar 2024 (am Forum Geesseknäppchen) an de 15. Januar 2024 (online) sinn d'Tâche vun den zukünfteg Mataarbechterinne/ Mataarbechter beschriwwe ginn.

De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, huet als Introduktioun de Service virgestallt, deen als Motor vum Bildungssystem beschriwwe gëtt.

Beim SCRIPT schaffe vill Leit vum Terrain, déi duerch hir Aarbecht och ganz no un den Entscheedungsträger sinn. Dem SCRIPT seng Missiounen hunn als Zil,  d'Schoulen an d'Enseignanteën/ Enseignanten dobäi z'ënnerstëtzen, eng Schoul z'entwéckelen, wou d'Kanner sech wuel fillen an d'Méiglechkeet kréien sech ze qualifizéieren, ze subjektivéieren an ze sozialiséieren.

Dëst andeems se déi fënnef Schlësselkompetenzen (Multiliteracy, Selbstkompetenz, Sozialkompetenz, Reflexiounskompetenz an transformativ Kompetenz) ausbauen, déi och am zukünftege Plan d'études am Mëttelpunkt stinn. D'Zil soll et sinn, dass all Kand déi néideg Kompetenzen entwéckelt, fir als Weltbierger a sengem Liewe gutt Entscheedungen ze huelen. 

D'Curriculumsdivisioun wäert vu September 2024 un Aarbechtsgruppe lancéieren, déi de Plan d'études ganz konkret ronderëm dës Schlësselkompetenzen wäerten organiséieren, fir dass se an den eenzele Fächer awer och fächeriwwergräifend progressiv kënne beim Schüler opgebaut ginn.

 

Weider Informatiounen

Fir op méi konkret Froestellunge ronderëm de Projet anzegoen, huet den Halldor Halldorsson, Chef vun der Curriculumsdivisioun, a senger Präsentatioun déi verschidde curriculumsintern Aarbechtspakete virgestallt.

Fir d'Curriculumsdivisioun ze stäerken, gi souwuel nei fix Mataarbechterinne/ Mataarbechter gesicht, wéi och punktuell Mataarbechterinne/ Mataarbechter.

Déi punktuell Mataarbechterinne/ Mataarbechter wäerten an enger vun de fënnef Aarbechtsgruppen (Sproochen; Mathematik; Geeschtes-, Sozial- an Naturwëssenschaften; Konscht a Kultur; Beweegung a Gesondheet) mat un den Inhalter an Ausriichtunge vum zukünftege Plan d'études schaffen, zum Beispill de Léierprogressiounen, Kompetenzen, Sockelen a Contenuen.

Déi fix Mataarbechterinne/ Mataarbechter wäerten an Zesummenaarbecht mat der Curriculumsdivisioun d'Aarbechtsgruppen encadréieren a moderéieren, sou wéi Aarbechtsprozesser vir- an nobereeden.

Fir déi nei Poste sinn Déchargen vun 2-4 Stonne (punktuell) oder vu 50% bis 100% (fix) méiglech.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu