Actualitéiten

Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung 2024

''
19/02/2024

Déi 5. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)' gëtt de 26. Mäerz 2024 am Forum Geesseknäppchen vum SCRIPT, der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.

De ganzen Dag iwwer wäert den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an ONGen am Vierdergrond stoen, sief et duerch iwwer 70 Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, duerch 18 zertifiéiert Weiderbildungen (Aschreiwunge fir Enseignanten an Educateuren iwwert www.ifen.lu), oder awer och Theememomenter, an deenen Erfarungen ausgetosch, an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.

An der Mëttesstonn ass den offiziellen Deel mat de Ministere Claude Meisch a Serge Wilmes. Fir nohaltegt, lokaalt, saisonaalt a fairt Iessen a Gedrénks suergt Restopolis.

  • Eng Bibliographie mat Bicher iwwert d'Theeme Klimawandel a Bildung fir nohalteg Entwécklung ass am PDF-Dokument 'Bibliographie' ze fannen.
  • De Programm fannt Dir am PDF-Dokument ënnen op der Säit.
  • Fir weider Froe kënnt Dir Iech u foire@bne.lu wenden.
Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu