Actualitéiten

'mimamu': Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja

''
07/03/2024

Zesumme mat der Lëtzebuerger Rapperin Nicole Bausch, alias Nikki Ninja, huet d'Ekipp vu 'mimamu' een neit Konzept ausgeschafft fir d'Thema Hiphop a Rap op eng flott an adaptéiert Manéier an d'Klassen ze bréngen.

Erauskomm ass eng Rei vu fënnef vollstännege Coursë fir de Cycle 3 vum Enseignement fondamental, déi och ausgebaut kënne ginn.

Dës baséieren all Kéiers op engem Video an dem d'Nikki d'Kanner duerch de Cours féiert. Op verschiddene Plaze gëtt de Video gestoppt fir Aktivitéite wéi Spiller an Aufgaben duerchzeféieren. Heifir liwwert mimamu jeeweils déi passend Materialien. 

Enseignanteën an Enseignanten kënnen des Materialien ab elo an der Datebank vu www.mimamu.lu fannen an notzen.

Fir de Projet richteg ze lancéieren, konnten sech dëst Joer zousätzlech fënnef Klassen umelle fir nieft de präparéierte Coursen och nach vun engem begleedenden Atelier vu 'mimamu' an engem Ofschloss-Atelier mat enger Opnam zesumme mam Nikki Ninja perséinlech ze profitéieren. Dës Offer war séier ausgebucht a weist den Interessi an de Besoin un dësem flotte Projet.

 

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu