Actualitéiten

Webinaire um radio 100,7: 'Kultur an der Schoul – eng Konscht fir sech?'

''
04/03/2024

De Webinaire 'Kultur an der Schoul – eng Konscht fir sech?' ass den 12. Mäerz 2024 vu 14:00 bis 15:30 Auer live um radio 100,7 an am Stream op www.100komma7.lu ze héieren.

Dëse Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) a mam radio 100,7 op d’Been gestallt.

Kultur – an dësem Fall den Iwwerbegrëff fir kreativ Schaafensberäicher wéi Musek, Danz, Zeechnen, Literatur - soll an der Schoul Kanner vermëttelt ginn a si ureege, sech fir Kultur ze interesséieren.

An der Leeschtungsgesellschaft fält Kultur gär ewech do wou aner Aufgaben als “méi wichteg” ugesi ginn.

Wat ass de Stellewäert vun der Kultur an eiser Schoul? Ass genuch kreatiivt Schaffen um Stonneplang? Oder misst ee Kultur als Wäert méi fachiwwergräifend an d’Léierpläng afléisse loossen?

Ass et de Choix vum Léierpersonal wat e Schüler a Saache Kultur mat op de Wee kritt an der Grondschoul? An am Lycée, geet et duer wann een zwou Stonnen Educatioun artistique an eng Stonn Musek enseignéiert? Oder misst d’Vermëttele vun ästhetesche Wäerter méi breetgefächert agesat ginn? Wat ass d’Plus-value vun de kreative Schaafensprozesser fir Schüler a Schülerinnen? Ginn iwwer Musek, Danz, Literatur an Zeechne respektiv Konschtunterrecht net och Kompetenze gefestegt déi ee jonke Mënsch am anere Fall villäicht just a senger Fräizäit kultivéiert?

Offere fir Kultur entweder vu baussen an d’Schoule ranzebrénge ginn et vill. Donieft bidden och vill Acteure baussent der Schoul speziell Programmer fir Kanner a Jugendlecher un. Wouvun hänkt et of ob Kanner mat Kultur a Beréierung kommen an de Wäert vun der Ästhetik kenneléieren? A wat kann dat beschtefalls bei hinne bewierken?
Wéi kann ee Kanner a spéider Jugendlechen de Wäert vu Kultur no bréngen?

Am Webinaire schwätze véier Invitéen iwwer d’Konscht, jonke Mënschen ze weise wat hinne Kreativitéit a Schaafensprozesser ka bréngen.

Ronderëm den Dësch sëtze fir dëse Webinaire :

  • Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée Plomm
  • Nadine Erpelding, Conseiller de gouvernement Kulturministère
  • Bob Minette, Musekspädagog, SCRIPT
  • Nathalie Moyen, Metteur en scène an Danzpädagogin, SCRIPT

Am Laf vum Gespréich héiere mir och verschidden aner Stëmmen iwwer den Thema Kultur an der Schoul, a jiddereen den interesséiert ass kann seng Froe stellen iwwer d’Whatsapp-Nummer 621 44 00 44 oder per Mail op fro@webinar.lu.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu