Actualitéiten

Réckbléck op d'Schoulfoire 3.0

''
26/04/2024

Vum 21. bis de 24. Abrëll 2024 war déi 3. Editioun vun der 'YEP-Schoulfoire'.

Säit der éischter Ausgab ass de SCRIPT Koordinator a Mat-Organisateur vun dem gréissten edukativen Event vum Joer.

Déi 3. Editioun war erëm e risegen Erfolleg a war esou grouss a beléift, wéi nach ni virdrun. D’Schoulfoire war dës Kéier iwwer 4 Deeg op; fir d’éischt och sonndes fir de Grand Public. Knapp 15.000 Schülerinnen a Schüler, Elteren, Léierpersounen an aner Interesséierte si wärend de véier Deeg an der LuxExpo passéiert. Esouvill wéi nach ni virdrun!

An och de SCRIPT war erëm mat enger ganz grousser Equipe involvéiert, fir all de Visiteuren e méiglechst spektakulären Dag z’erméiglechen.

Dem SCRIPT seng Schoulfoire an e puer Zuelen an Informatiounen ausgedréckt:

• Gerance vun den Inscriptioune vu knapp 400 Schoulklassen aus de Cyclen 3.2 a 4, wéi och vu 7ième;

• Koordinatioun vun 300 Guiden aus dem Lycée Technique pour professions éducatives et sociales (LTPES), déi d’Fondamentalsklasse bei hirer Visitt begeleet hunn;

• Gerance vun engem zentralen Infopoint, fir de Klasse bei Froen oder Problemer ze hëllefen;

• Organisatioun vu 40 parallel lafenden Atelieren, déi insgesamt iwwer 500-mol fir d’Schoulklassen ofgehale goufen;

• 30 Walk-in-Atelieren, déi sonndes an dënsdes nomëttes fir déi Dausende vu Visiteuren gehale goufen;

• Erstelle vum éischten nationale Beweegungschallenge, un deem iwwer Méint Klassen matgemaach hunn, fir sech fir d’Finall op der Schoulfoire ze qualifizéieren. An der Finall sinn 20 Klassen, mat insgesamt knapp 400 Schülerinnen a Schüler géinteneen ugetrueden, fir erauszefannen, wien déi beweeglechste Klass 2024 war;

• Organisatioun vun der 'Level Up'-Arena, an där wärend véier Deeg 17 Shows gelaf sinn, déi vu ronn 4.500 Visiteure gekuckt goufen;

• Mat der 'Science Show', dem 'makedra Theater-Challenge', dem 'mimamu-Quiz' an der 'Klassenbattle' goufen d’Shows vun der Arena och vu SCRIPT-MataarbechterInne erschafft an op der Bühn presentéiert.

Et war en onvergiesslecht Erfliefnis a mir freeën eis schonn all op déi nächsten Ausgab.

SAVE THE DATE: 27.04.25 - 30.04.25

Hei fannt fir nach e klenge Souvenir vun der Schoulfoire 3.0.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu