< back
Maacht mat als Klass bei der 7. Oplag vum MathleTIC Challenge op www.mathematic.lu! Den Challenge leeft vum 6. Oktober um 8:00 Auer bis den 8. Oktober 2021 um 16:00 Auer.
D’Gewënner-Klasse kréien een Outdoor Teambuilding Dag am Mariendall vum SCRIPT geschenkt.
Et ass keng Umeldung néideg fir beim Challenge matzemaachen. Et geet duer, sech mam IAM unzemellen, op den Challenge-Knäppchen ze klicken an als Klass Stären a Medailen ze sammelen.
All d’Klassen aus dem Cycle 3 a Cycle 4 aus dem Enseignement fondamental, aus der Voie de Préparation an aus dem Enseignement Secondaire kënne matmaachen.