News

Projet 'Plan d’études 2025': Appels à candidatures

Projet 'Plan d’études 2025': Appels à candidatures
21/12/2023

Am Kader vum Projet 'Plan d’études 2025' siche mir Léierpersonal, wat ab dem Schouljoer 2024-2025 an Aarbechtsgruppen oder als Mataarbechter an der Divisioun fir Curriculumsentwécklung wëll matwierken.

D’Mataarbechter vun der Divisioun fir Curriculumsentwécklung schaffen aktiv un de Léierprogressiounen, un obligatoreschen a fakultativen Inhalter, un der Optimiséierung vun Evaluatioun, Kommunikatioun a Weideres vum neie Plan d’études 2025. Déi Elementer, déi am Whitepaper ugerass goufen, ginn op verschiddenen Niveauen integréiert.

D’Aarbechtsgruppen ënnerstëtzen dëse Prozess. Si deelen hir Expertis an ënnerschiddleche Beräicher, ginn Input a Feedback zu verschiddenen Elementer, a schaffe Proposen aus.

Dir sidd interesséiert, fir entweder an enger Aarbechtsgrupp oder fir an der Divisioun fir Curriculumsentwécklung matzeschaffen?

  • Ënnen ugespéngelt fannt Dir déi zwee Appels à candidatures mat den Detailer an dem Délai, fir Är Kandidatur ze stellen.
  • Ausserdeem kënnt Dir Iech ënnert dësem Link fir eng vun deenen zwou Infoversammlungen am Januar 2024 umellen, wou Dir méi Informatiounen heiriwwer wäert kréien!
  • Am Fall vu Froen oder wann Dir net kënnt bei enger vun den Infoversammlungen dobäi sinn, kontaktéiert eis gären iwwer curriculum@script.lu.
  • Och op eisem Internetsite wäert Dir am Januar weider Informatioune fannen: www.curriculum.lu

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu